Skip to main content

Actualités Lions Bleus

Gruppeversammlung 2026 // 1 Versammlung vum Scoutsjoer

Samschdeg, 19 September 2026

Ohnee! D´Frida von Schweissfuß ass ermort ginn! Matzen an der
Staat! Elo well säi Brudder, de Fridolin, natierlech wësse wien seng
Schwëster um Gewëssen huet! Police, Journalisten a natierlech
d ´Lions Bleus ginn herbei geruff fir de Fall ze leisen! De Fridolin
mierkt awer net, dass hien dobäi selwer als Verdächtege gellt.... Mell
dech elo séier u fir eis ze Hëllefen dessen bizarre Mord opzeklären!

 

Wéider wichteg Informatiounen fann der am Unhang an der Souche.

Montée 2026

Samschdeg, 26 September 2026

En neit Scoutsjoer fänkt un. Et gët grouss Beaver, Wëllef an Scouten, dèi den nächsten Schrëtt op hierem Scoutswee maan. Sou gët aus engem grousse Beaver e klengen Wëllefchen, aus engem groussen Wëllefchen e klengen Scout an aus engem groussen Scout e klengen Explorer. Mell dëch also sèier un, fir déng Scoutskollegen op dësem Wee ze begleeden an zesummen e flotten Weekend ze erliewen.

Wéider Infoen fann der am Unhang an der Souche.