D'Wëllefcher liewen zesummen an der Meute a sinn agedeelt a Sizainen (e Grupp vu 6-8 Kanner). D'Liewen an der Meute baséiert sech op dem Rudyard Kipling seng bekannt Geschicht «D'Dschungelbuch». Duerch d'Spill léieren si Villes iwwert d'Natur, selbstänneg a mateneen eens ze ginn. Ons Devise ass «Mir dinn onst Bescht!» an dorun halen mir eis och an alle Situatiounen. Ons Versammlungen sinn Samschdes am Home vun 14.00 bis 16.00 Auer.
Hei ass déng Kreativitéit gefrot! D'Explorer sinn an «Unitéiten» opgedeelt an d'Bezeechnung «Chef» ass duerch «Responsable» ersat ginn, well an eisem Alter d'Aktivitéiten zesumme décidéiert, organiséiert an duerchgefouert solle ginn. Sou entstinn super Aktivitéiten op Camp'en an Sortien. Eis Aktivitéiten bestinn aus ganz villen flotte Saachen, wéi zum Beispill : Hike, Camp'en, Klammen goen an nach vill méi! Mir gesinn eis all Samschden vun 14.00 - 16.00 Auer an eisem Home.
Du hues eng Passioun fir d'Natur? Du hues Spaass an enger Equipe ze schaffen?
Informations générales: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.
Location Chalet: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.
61, rue de Pulvermühl
L-2356 Luxembourg
courrier:
B.P. 23
L-5801 Hesperange