Skip to main content

Actualités Lions Bleus

Samschdeg, 11 October 2025

Du hues vill Scoutssaachen doheem déi ze kleng sinn oder net méi gebraucht ginn an awer ze schued si fir fort ze geheien?
Dann ass daat hei déng Geleeënheet fir dat déng Saachen en neie Besëtzer fannen:

 

Den LBB-Second-Hand-Shop!

Op dësem Dag kanns du dir am Home LBB en Dësch lounen an e Stand mat déngen Scoutssaachen maachen, fir dës ze verkaafen!
Egal op Rucksaak, Schlofsaak, Uniform, Messer, oder Gamelle. Alles kann hei iwwer den Dësch goën.

Detailer:
Ab 14h30 kann opgeriicht ginn.
Um 15h00 geet et lass. Dësch(er) am Viraus per Mail reservéieren:
-> comite@lionsbleus.lu

Jiddereen muss sech selwer ëm säi Wiesselgeld oder Bezuelsystem këmmeren.

Wéider Infoen fann der hei am Unhang vun der Souche